Highlights, een Owend mam Fernand Delosch
an den Wëntger Theaterfrënn.
Sou woor den Titel von zwee Owender am August 2004, déi d'Wëntger Theaterfrënn bei Gelegenheet von hirrem 25. Geburtsdaag zësammen mam Fernand an Erny Delosch organiséiert haaten.
Dëss zwee Owender am Centre Culturel zu Wëntger, déi vom Berscheid Claire an dem Meyers Luss moderéiert goufen, wooren séier bis op déi läst Plaatz ausverkooft an keen hott wohl sengt kommen bereit.
Om Programm stung virron allem dem Fernand Delosch seng Carrière als Musical-Darsteller, déi hien vom klengen Wëntger Schoulbouf bis zum gefeierten Musicalstar op Wien broocht hott. Begleed gouf hien om Piano von sengem Brugder Erny, den genau wéi den Fernand matt villen Mëmberen von den Wëntger Theaterfrënn zu Wëntger an d'Schoul gangen as.
An den Pausen tëschend den verschiddenen Statiounen aus dem Fernand sengem Liäwen, honn d'Claire an den Luss een Réckbléck op déi vergangen 25 Joër Theaterfrënn gemaat, dëst an Form von villen Photoën, déi an verschidden Themen nach eng Kéier on déi vill schéin Theaterstécker an on all Akteuren an Actricen erënnert honn.
Hei poor Photoën als Erënnerung on dëss onvergeeslich Owender:
Den Fernand Delosch an Aktioun
D'Claire an den Luss bei hirrer Moderatioun.
Den Fernand virrom Bild von senger Wëntger Schoulklass. Vill von
sengen eemoligen Schoulkomeroden wooren den Owend am Publikum.
"Men in Black" Erny Delosch, Luss Meyers , Paul Thines
Meyers Luss, Fernand an Erny Delosch, Berscheid Claire
"Standing Ovations" zum Schluss
Schlussbild matt den Wëntger Theaterfrënn an dem Erny an Fernand
|