Den Schéifer von Aasselburren 1995

     

Eisen Beitrag zum Kulturjoër 1995

 

   Wéi am Dezember 1993 den Meyers Luss matt der Iddi an den Comité koum, fiir  d'Theaterstéck "Den Schéifer van Aasselburren"  am Kulturjoër 1995 zu Wëntger Open-Air opzeféieren, as déi Propos direkt positiv opgehollt giän. Nodem een éischten Projet ausgeschafft  woor, gouf den on déi zoustännig Kommissioun am Kulturministär geschéckt. Och do as d'Iddi, daat Theaterstéck, waat zu Aasselburren spillt, fiir d'éischte Kéier (baal) doheem opzëféieren ouni Problemer an den offiziellen Programm opgehollt giän.

 

   Séier gouf eis allerdings kloër, datt mär als Wëntger Theaterfrënn, alleng daat néck kënnten durrich ziehen. Sou gouf zësammen matt der Wëntger Gemeng probéiert een Organisatiounscomité op d'Been zë setzen, den d'Organisatioun sollt iwerhuelen. 13 Fräiwëlliger honn sich dunn Afank 1995  beieneen fondt, fiir déi gréissten an spektakulärsten Fräiliichttheater-Opféirung an der lëtzeburger Geschicht zë organiséieren.

 

   180 Akteuren an Statisten, 70 Musiker, 30 Sänger an 50 Fräiwëlliger fiir den Entrée an d'Restauratioun, goufen zesammen getrommelt. Also iwert 300 Légd aus der Wëntger Gemeng an den Nopeschgemengen honn do Bénévol mattgewiirkt.

   D'Buehn woor den ganzen Foussballsterrain zu Wëntger beim Schoulhaff, wou op der enger Säit d'Duarref Aasselburren an op der anner Säit d'Kliärfer Schlass  von den Wëntger Schreiner nogebaut gouf. Eng Tribüne von 600 Plaatzen woor am Schoulhaff opgeriicht giän.

 

    Wooren am Afank 3 Viirstellungen geplangt giän, sou as Sonndës nach eng 4 derbäi kommen, wou dunn nach Stéihl virron d'Tribüne gesaat goufen, sou datt insgesamt eng 2.500 Zuschauer  konnten bannen 4 Owender zu Wëntger begréisst giän, een Erfollig, matt dem keen gerechent haat. D'Musik fiir d'Stéck woor vom Jean-Michel Treinen geschriwen  an von der Wëntger Musik live während den Viirstellungen gespillt giän.

   Vom jiingsten Kand matt 3 Joër bis zum deemoligen Èireburgermeester Henri Wenkin matt  78 Joër, all wooren së matt Begeesterung derbäi an  vill denken sëcher nach dacks zeréck on den July 1995, wou zu Wëntger den "Schéifer van Aasselburren" gespillt gouf.