25 Joër Wëntger Theaterfrënn 2004

     


 Highlights, een Owend mam Fernand Delosch

 an den Wëntger Theaterfrënn.

 

  Sou woor den Titel von zwee Owender am August 2004, déi  d'Wëntger Theaterfrënn bei Gelegenheet von hirrem 25. Geburtsdaag  zësammen mam Fernand  an Erny Delosch   organiséiert haaten.

   Dëss zwee Owender am Centre Culturel zu Wëntger, déi vom Berscheid Claire an dem Meyers Luss moderéiert goufen, wooren séier bis op déi läst Plaatz ausverkooft an keen hott wohl sengt kommen bereit.

   Om Programm stung virron allem dem Fernand Delosch seng Carrière als Musical-Darsteller, déi hien vom klengen Wëntger Schoulbouf bis zum gefeierten Musicalstar op Wien broocht hott. Begleed gouf hien om Piano von sengem Brugder Erny, den genau wéi den Fernand matt villen Mëmberen von den Wëntger Theaterfrënn  zu Wëntger an d'Schoul gangen as.

  An den Pausen tëschend den verschiddenen Statiounen  aus dem  Fernand sengem Liäwen, honn d'Claire an den Luss   een Réckbléck op déi vergangen 25 Joër Theaterfrënn gemaat, dëst an Form von villen Photoën, déi an verschidden Themen  nach eng Kéier on déi vill schéin  Theaterstécker an on all Akteuren an Actricen erënnert honn.