2014 MATRATZ FRÄI AM KNUPPEWEE

     

« Moien mäin Numm ass Jean-Jacques François de la Croix an ech komme wéinst dem fräien Zëmmer »

 

Esou hate sech d’Fraen aus dem Knuppewee sech dat wierklech NET virgestallt: D’Sich no engem neie Matbewunner.

D’Kim decidéiert, ouni seng Frëndinnen ze froen, aus der WG bei säi Frënd den Tom ze plënneren. Et huet nämlech d’Nues voll vum pafege Mathilde sengem Gemeckers, dem nawell weltoppene Mandy sengem Gezicks, an der Kënschtlerin Janna sengem philosophesche Geschnatters. Mee mat senger Annonce an der Zeitung fir e neien WG Member stierzt d’Kim seng fréier Matbewunner an de Chaos.

Et melle sech nämlech – wat wuel- … JUST Männer. Do gëtt et zum Beispill de Klouschterbubi Jean-Jacques François de la Croix. Alles anescht wéi ee gestanene Mann, ee Mammejéngelchen trëfft et éischter, deen déi éischte Kéier d’Welt entdeckt. De Francesco di Napoli, Escort Expert ass do ganz anescht. Hie weess wat e wëll, iert sech allerdéngs an der Dier a vergësst bei senger éischter Visite an der Wunneng och nach seng Valise mat den Aarbechtsutensilien. De Knuppebauer Misch ass ee weideren Interesséierten, an dat virun allem fir sengen Elteren aus de Féiss ze goen… An da gëtt et do nach ee 4ten deen sech fir d’Zëmmer bewerbt, den attraktiven mee zimlech testosterongeluedene Smokey Pol, e Kach.

Ee Framënsch nom anere fënnt Gefalen un engem vun de Kandidaten a kämpft dofir säi Favorit an d’Wunneng ze kréien. De Francesco ass während där Zäit nach op der Sich no senger Valise… No vill Kaméidi, Gestreids a Mëssverständnesser inkrustéiert sech herno den Jean-Jacques François an der WG an iwwerhëlt d’Rudder. Hie mutéiert vun engem klenge Jéngelchen zu engem herresche Besëtzer.

D’Fraen dogéint plënnere raus! Si gi bei d’Kim wunnen. Dat huet säi Frënd aus senger Wunneng gëeekelt. Eng nei Meedercher-WG gëtt also opgemaach, dat awer ouni d’Mathilde!

 

Et hate matgespillt: D’Lydie Diederich, den Serge Diederich, d’Nadine Gautier, de Rol Molitor, d’Danièle Rinnen, d’Michi Schiertz, de Georges Schroeder, de Paul Thines an de Johny Weyland ënnert der Regie vum Katja Thill (Autorin) an dem Suz Kalbusch (Autorin).