1979 Grënnung

     

 Grënnung,

 den 4. November 1979 honn sich eng Reih Theaterbegeesterter aus der  deemols   neier Wëntger Gemeng zu Béigen  getraffen, fiir een Theaterclub zë grënnen.

  D' Iddi fiir sou een  Veräin zë grënnen as  Gerüchter no zu Houffelt an engem Kéistall entstannen.  Matt derbäi wooren deemols well ënnert annerem den Molitors Jos an den Diederich Fenny von Houfelt, den Thilmanys Théid an d'Mariechen  von Uewerwampich, d'Goebel Netty von Aasselburren an den Schmitz Fons von der Trätterstrooss.

  Festgehaalen gouf demols, datt den Veräin den Nam "Wëntger Theaterfrënn" sollt droën. Grondiddi woor an as bis hogd, allen Theaterbegeesterten aus der Ëmgéigend  d'Méiglichkeet zë giän, fiir  hirrem Hobby dem theaterspillen kannen nozëgoën.  Well genau wéi hogd  woor  Wëntger  och well zu där Zäit eng Theatergemeng. An kaum enger annerer Gemeng am Land gëtt den Wanter iwer méih Amateurtheater gespillt wéi an der Wëntger. Wooren ët fréier och nach Pompjées an Gesankveräiner aus den Diärfer, sou as ët hogd meest den Jeunessen fiirbehaalen fiir am Wanter engt Theaterstéck op d'Buehn zë brengen.  An fiir all déi, déi no hirrer Zäit an der Jeunesse, nach d'Theaterféiwer gepackt haat, fiir déi wooren d'Wëntger Theaterfrënn  dann déi nächst Statioun an hirrer Theatercarrière.

  Mäh  elo wëllen mer emol der Reih no faahren. Am November 1979 gouf  jiddefalls emol geplangt, fiir am Fréijoër 1980  eng Operette  zu Wëntger an der demooliger Sportshaal opzëféieren. Daat éischt Stéck von den Wëntger Theaterfrënn woor "D'Joffer Marie-Madeleine".