Eise Veräin

Eise Veräin, deen zanter dem Joer 1979 aktiv ass, gehéiert sécherlech zu de bekanntesten Theaterveräiner aus dem Land. Zemol zanter eisen 3 groussen Tourneeën duerch d'Land an de Joeren 1994, 1999 an 2004, déi mir all Kéiers fir eis verschidde Gebuertsdeeg organiséiert haten.

Wien Wëntger Theaterfrënn seet, deen denkt sécher och nach un d'Kulturjoer 1995 zeréck, wou op eis Initiativ hinn eng 300 Leit aus der Ëmgéigend mam "Schéifer van Aasselburren", ee vun den Héichpunkten vum deemolegen Kulturjoer organiséiert haten. Déi bis heihinner gréissten an spektakulärsten Theater-Fräliichtopféierung zu Wëntger um Foussballsterrain hat am Juli 1995 eng 3.000 Zuschauer op Wëntger gelackelt.

Dëst sollt och den Startschoss sënn fir eng nei Ära bei den Theaterfrënn. Nodeems am  November 1994 den neien Centre Culturel zu Wëntger entstanen ass, hutt dat eisem Club och nei Méiglechkeeten ginn. Sou sënn zanter dem Joer 1996 nei iwwersaten Theaterstécker zu Wëntger gespillt ginn. Op englesch, franséisch, italienesch oder däitsch Comedien - all haten se eppes gemeinsam, si haten am Ausland well grouss Erfolleger gefeiert. 

2014 dunn, hu mir eis nees un Stécker erugetraut, déi vu Lëtzebuerger Auteuren geschriwwe goufen. 

Op eisem Internetsite fannt dir och ganz vill Photoen vun all eise Stécker, 

Vill Spaass wënschen d'Wëntger Theaterfrënn